TriathlonStefan Zachäus séchert Lëtzebuerg eng Plaz bei den Olympesche Spiller

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger ass bei der decisiver Course zu Huatulco a Mexiko den 19. ginn an huet sech domadder déi wichteg Punkte fir d'Quali. geséchert.
© Archiv

E Sonndeg stoung am Triathlon zu Huatulco a Mexiko déi lescht Course, fir Punkte fir d’Qualifikatioun fir d’Olympesch Spiller ze sammelen, um Programm. No schwaache Resultater an de leschte Wochen huet de Stefan Zachäus et fäerdeg bruecht, dem Drock Stand ze halen a sech déi decisiv Punkten ze sécheren. De Lëtzebuerger ass a Mexiko den 19. ginn an huet dem Grand-Duché domadder eng Startplaz bei den Olympesche Spiller zu Tokio geséchert.

Mam Bob Haller war nach een zweete Lëtzebuerger um Depart. Hien huet d’Course aus gesondheetleche Grënn am Lafen opginn.

Wie fir Lëtzebuerg zu Tokio wäert starten, steet den Ament nach net fest. Dës Decisioun muss d’Lëtzebuerger Triathlonfederatioun huelen.

PDF: Schreiwes FLTRI

Back to Top
CIM LOGO