
Den Djokiovic huet e Freideg de Mëtteg an der Halleffinall kloer an 3 Sätz 7:5, 6:1 a 6:2 géint den US-Amerikaner Tommy Paul gewonnen. Den Tsitsipas hat sech schonn e Freideg de Moien a 4 Sätz géint de Russ Karen Chatschanow behaapt.
Fir de Rekordgewënner zu Melbourne Novak Djokovic kéint et säin 10. Titel beim éischte Grand Slam Tournoi vun der Saison ginn.
