Eng Géigekandidatur, fir President vun der Liichtathletik-Federatioun ze ginn, louch e Samschdeg beim Kongress net vir. An hirer Ried ass déi fir weider 2 Joer confirméiert Presidentin, Stéphanie Empain, natierlech op déi Covid-bedéngte schwéier leschte Méint agaangen.
Déi wiere souwuel fir d’Federatioun, wéi awer och fir d’Veräiner wéinst Corona net einfach gewiescht. D’Clibb hätten awer eng immens gutt Aarbecht geleescht. Als Federatioun hätt ee leider festgestallt, dass ënnert anerem duerch de Lockdown eng Partie vun de Benevolle verluer gaange wieren. Dat wier net gutt. D’Stéphanie Empain huet och gesot, dass d’Kommunikatioun déi leschte Méint hätt misste besser sinn.
“Fir esou eng Situatioun esou effizient wéi méiglech ze meeschteren, brauch een déi richteg Informatiounskanäl, déi schonns idealerweis en place solle sinn. Dat war net de Fall. Mir hunn dofir de Constat gezunn, dass mir eis mussen d’Méiglechkeete ginn, fir an Zukunft ze assuréieren, fir an der Urgence eng ganz gutt Kommunikatioun tëscht der Federatioun, de Veräiner, den Traineren, den Organisateuren an och den Athleten ze hunn.”
D’Stéphanie Empain war frou, dass trotz de ganz wéinege Kompetitiounen an dësem Joer awer trotzdeem 5 Lëtzebuerger Rekorder realiséiert goufen.
Den CSL huet dem Comité Directeur vun der FLA keng Decharge ginn. De Stater Veräin war net mat der Prozedur averstanen, wéi deen neie Stater Club, LIAL, an d’Federatioun opgeholl gouf.
De President vum CSL, Xavier Thillen: “Mir hu jo schonns am Conseil Fédéral driwwer diskutéiert, mee den CSL ass net d’Accord mat der Prozedur mat der Opnam vun deem neie Club, deem mir awer trotzdeem felicitéieren a wëllkomm heeschen. Aus deem Grond gi mir keng Decharge.”
D’Kritik vum Xavier Thillen wollt d’Stéphanie Empain net op sech sëtze loossen: “Mir hunn eis als Comité exakt un déi Reegele gehalen, déi mir op der Assemblée Générale dat leschte Joer festgehalen hunn an dee mir och am Conseil Fédéral an der Majoritéit beschwat hunn. Fir mech als Demokrat fannen ech et ëmmer schwiereg, wann een engem Gremium keng Decharge wëll ginn, well ee sech un d’Reegele gehalen huet, nëmme well ee mam Ausgang net zefridden ass. Ech stellen dat einfach emol an de Raum. Mir huelen awer Note dovunner.”
Den CSL huet an deem Kontext och eng Statutenännerung proposéiert, déi awer net déi néideg 2/3-Majoritéit vun der Assemblée krut.
De Budget fir dat nächste Joer gouf vun alle Veräiner ugeholl.