Olympesch Spiller - LiichtathletikSteven Gardiner wënnt Gold iwwer 400 Meter

RTL Lëtzebuerg
Bei den Häre stoung zu Tokio en Donneschdeg d'Course iwwer 400 Meter un, an där de Steven Gardiner als éischten iwwer d'Arrivée lafe konnt.
© RTL

De Mann vun de Bahamas konnt sech mat enger Zäit vun 43 Sekonnen a 85 Honnertstel behaapten, dëst virum Kolumbianer Anthony José Zambrano mat 44,08 Sekonnen. Bronze geet iwwerdeems un de Kirani James aus Grenada (44,19), deen an den Halleffinallen nach déi séierst Zäit gelaf war.

Fir d’Bahamas ass et déi éischt Medail op dësen Olympesche Spiller, genausou ewéi fir Grenada.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO