
Den 41. Joer ale Ex-Nationalspiller wäert an Zukunft den Trainerstull bei Aston Villa iwwerhuelen, aktuell 16. am Championnat.
“Aston Villa huet eng laang Geschicht an eng Traditioun am englesche Futtball. Ech sinn immens houfreg, fir hei neie Cheftrainer ze ginn” esou de Steven Gerrard.
Seng gutt Leeschtunge bei de Rangers ma och seng Erfarung am europäesche Futtball sinn d’Grënn, wisou Aston Villa den Gerrard op der Bänk wëll sëtzen hunn.