FifaStrofe géint iwwer 50 national Verbänn wéinst Feelverhale vu Fans

RTL Lëtzebuerg
Mexiko muss zum Beispill wéinst homophobem Gesang vun de Spectateuren déi nächst zwee Heemspiller virun eidelen Tribüne spillen.
© AFP/File/OZAN KOSE

Och déi ungaresch Nationalekipp gëtt bestrooft, an zwar wéinst Ausschreidunge vun de Spectateure beim WM-Qualifikatiounsspill géint England. Beim nächsten Auswäertsspill muss déi ungaresch Ekipp dowéinst op d’Ënnerstëtzung vun de Fans verzichten.

Schonn Ufank Oktober huet Ungarn misse virun eidelen Tribüne spillen. Deemools hat en ungaresche Supporter en englesche Spiller rassistesch beleidegt.

Back to Top
CIM LOGO