
Eng Kéier am Joer treffen sech do Münchener, Innsbrucker a Wiener Studenten an et gëtt Sport gemaach awer net op déi ganz traditionell Aart a Weis. D’Emma Felgen vu München erzielt, ëm wat et genau geet.
Spikeball, Vëlkerball a Pétanque – dat sinn d’Sportaarten, déi um sou genannte BaseCup gespillt ginn. Net déi konventionell Sportaarten, an dorëm geet et och. Viru genee véier Joer war de BaseCup fir déi éischte Kéier. D’Iddi hannendrun ass de Fokus op Sportaarten ze leeën, ëm déi et net sou dacks geet. Natierlech steet net nëmmen de Sport am Vierdergrond, mee och d’Zesummekomme vun de Münchener, Innsbrucker a Wiener Studenten. De Spaass däerf dobäi natierlech och net ze kuerz kommen sou d Sportministesch vum Münchener Cercle, Anna Schreiber:
“Jo also ech war lo schonn zwee mol dobäi – déi éischte Kéier zu München an da lescht Joer zu Wien. Dëst Joer si mir dann och zu Innsbruck. Ech freeë mech dorop d Stad bësse kennenzeléieren an och onbedéngt op de sportlechen Deel well jo déi dräi Sportaarten a bei mir zumools Spikeball fannen ech immens cool. Dat ass och eng Sportaart déi ëmmer méi opkënnt. … Niewent dem coole Sportprogramm léiert een natierlech och bëssen d Stad an zumools och d Studenteliewe kenne wou d Innsbrucker eis da villäicht hier Club oder jo puer Bare weisen.”
Genee 123 Studenten si dëst Joer ugemellt a hunn hire Wee op Innsbruck fonnt. Samschdes steet dann ëmmer de sportlechen Deel um Programm. An Ekippen trieden d’Studente géint eneen un. An zum Schluss kréien d’Gewënner-Ekippen ëmmer ee klenge Präis. Nächst Joer fënnt de BaseCup dann nees zu München statt. D’Organisatioun vu sou groussen Eventer däerf och net ze kuerz kommen, sou d’Sekretärin vum Münchener Cercle, Jil Jung.
“Nächst Joer ass et erëm zu München do muss natierlech ëmmer vill geplangt ginn. .. Vu Restaurant, bis eng Plaz fannen, wou mir eise Sport maache kennen. … Op alle Fall lount et sech, dass mir am Fong bei de meeschten Events ëmmer nëmmen zesummen an de Cercle sinn. Et ass wierklech flott, ee klengen Austausch ze hunn.”
Och fir déi manner sportlech ënnert de Studenten ass Platz. Um Enn vum Dag soll de BaseCup Jonker zesummebréngen an dat mat engem sportlechen Touch.