
An engem rassegen Derby gewënnt Schalke mat 4:2 zu Dortmund a kéint domadder ëm eng Virentscheedung an der Lutte ëm d’Meeschterschaft gesuergt hunn a Schalke konnt sech mat dëser Victoire bësse Loft verschafen.
Düsseldorf klappt Bremen iwwerraschend kloer mat 4:1 a Leipzig konnt sech mat engem 2:1 géint Freiburg d’Champions League sécheren.
Et war eng éischt Halschent mat vill Tempo an och mat net wéineg Feeler a béiden Defensen an awer war et nach mat engem 0:0 an d’Paus gaangen wëll keng Ekipp konnt ee vun de Feeler notzen. Stuttgart huet ënnert dem neien Trainer Nico Willig awer eng ganz gutt Figur ofginn an huet richteg gutt matgespillt wat een no de leschte Matcher net onbedengt konnt erwaarden.
Stuttgart hat sech fir hire bis dohiner gudde Match belount an ass an der 56. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen. E laange Ball vum Aogo konnt den Elvedi net richteg klären, den Donis krut de Ball an d’Féiss a konnt zimlech fräi an de Gol schéissen. Dono huet Stuttgart gutt verteidegt an net vill zougelooss. Gladbach ass ugerannt a wollt onbedéngt den 1:1 schéissen mee e Gol sollt hinnen awer net méi geléngen a Stuttgart krit ganz wichteg 3 Punkten.
Schalke ass mat enger defensiver Taktik an dëse Match gaangen an dat ass an der éischter Halschent och voll opgaangen. Dortmund hat mat 82% zwar extrem vill Ballbesëtz mee dat sot io bekanntlecherweis net alles aus. An der 14. Minutt waren et dann awer och déi Dortmunder déi mat 1:0 a Féierung konnte goen. De Sancho huet eng fantastesch Pass op de Götze an de Strofraum gespillt an deen ass mam Kapp virum Nübel äiskal bliwwen. 4 Minutten drop krut Schalke no engem Handspill en net berechtegten Eelefmeter an et war de Caligiuri deen dësen fir den 1:1 an de Gol konnt schéissen. An der 28. Minutt konnten d’Gäscht dann esouguer a Féierung goen an dat nodeems de Sané e Corner vum Caligiuri ganz propper an de lénken Eck gekäppt huet.
No der Paus ass et dann awer héich hiergaangen. An der 60. Minutt ass de Reus dem Serdar vun hannen an d’Been gegrätscht a krut richtegerweis déi rout Kaart. Wéinst dem Foul gouf et e Fräistouss an deen huet de Caligiuri aus 25 Meter an de Wénkel geschoss. Nëmme 5 Minutten no där éischter rouder Kaart ass och de Wolf dem Serdar vun der Säit an d’Been gegrätscht an huet och déi glat rout Kaart gesinn. Och déi war richteg. Zu 9 war et fir déi Dortmunder da ganz schwéier. Dortmund konnt zwar nach eng kéier verkierzen mee den Embolo huet kuerz drop mam 4:2 de Match entscheet.
Et war eng relativ ausgeglachen 1. Halschent tëscht Leipzig a Freiburg mee d’Heemekipp war awer déi bësse méi geféierlech Ekipp a konnt an der 19. Minutt och den 1:0 schéissen. De Poulsen hat de Ball am Strofraum op de Werner ginn, deen huet de Ball ugeholl, sech ëm seng eegen Achse gedréint a gekonnt de Ball an de Gol geschoss.
An den zweete 45 Minutten war de Match e bëssen zerfuer an et ass kee richtege Spillfloss opkomm. An der 67. Minutt huet de Grifo dann awer mat senger Spezialitéit zougeschloen an huet e Fräistouss direkt an de Gol geschoss nodeems de Gulacsi nach amgaange war d’Mauer ze stellen. Ganz frech gemaach vum Italiener. An der 78. Minutt krut Leipzig en Eelefmeter no engem Handspill zougesprach an deen huet de Forsberg souverän an de Gol geschoss.
Et huet nëmme 54 Sekonnen gedauert wéi et schonn déi éischt kéier am Gol gerabbelt hat. No Virlag vum Hennings ass war de Raman am Strofraum virum Pavlenka äiskal bliwwen. No 23 Minutten ass den Underdog dann mat 2:0 a Féierung gaangen. De Karaman hat e fantastesche Solo gestart, huet direkt e puer Spiller stoe gelooss an och de Pavlenka hat keng Chance. 5 Minutten drop krut Bremen en Eelefmeter zougesprach, deem huet sech de Kruse ugeholl an ass souverän bliwwen.
Och no der Paus war Düsseldorf iwwerraschenderweis besser wéi Bremen a konnt mat 2 weidere Goler de Match entscheeden. An der 56. Minutt war et den Hennings deen eng Flank vum Karaman an de kuerzen Eck geschoss huet. No 73 Minutten huet de Suttner de Ball aus 13 Meter am Filet ënnerbréngen.
Et war eng relativ verhalen Ufanksphase mee no ronn 30 Minutten ass dunn awer Tempo an de Match komm. Nodeems den Ibisevic de Gol aus kuerzer Distanz verpasst huet, huet de Rebic vu Frankfurt 2 mol um Jarstein säi Meeschter fonnt. Och den De Guzman huet aus vollem Laf just iwwert de Gol geschoss.
Och an der zweeter Halschent sollte keng Goler falen an et gouf e leeschtungsgerecht Gläichspill tëscht den 2 Ekippen.
Hannover war gutt a motivéiert an de Match komm mee wat de Match méi laang gedauert huet, wat Mainz ëmmer méi d’Kontroll iwwert de Match iwwerholl huet. E Gol vum Quaison gouf no Videobeweis oferkannt a kuerz virun der Paus huet de nämlechten eng ganz grouss Chance leie gelooss.
Ënnert dem Thomas Doll wollt Hannover awer endlech säin éischte Match gewannen an no 66 Minutten konnten se och mat 1:0 a Féierung goen. No engem Gewulls am Strofraum koum de Ball bei de Weydandt an deen huet de Ball aus kuerzer Distanz an de Gol geschoss. Vill besser waren se net onbedéngt mee dat dierft der Heemekipp zimlech egal sinn.
Um 18.30 Auer spillt dann nach Stuttgart géint Gladbach.