
Trotz engem séiere Gol no nëmmen 24 Sekonne muss den Opsteiger VfB Stuttgart weider op eng Victoire am eegene Stadion an der Bundesliga waarden. Nom fréie Gol vum Orel Mangala (1') ass et fir d’Schwaben e Freideg den Owend nëmme fir een 1:1 géint schwaach Kölner duergaangen. Och fir den 1. FC Köln, fir deen de Sebastian Andersson (31', Eelefmeter) de Punkt geséchert huet, war d’Resultat net zefriddestellend. Zanter dem 6. Mäerz an elo scho 15 Bundesliga-Matcher waart d’Ekipp vum Gisdol op eng Victoire.