
Am éischte Spëtzematch vum 19. Spilldag huet sech Stuttgart fir d’Néierlag an der Hironn revanchéiert a Leipzig mat 2:5 heemgeschéckt. De Match hat roueg ugefaangen, mee tëscht der 25. an 33. Minutt war sou Munches lass. Stuttgart huet ëmmer méi de Kommando iwwerholl a krut no 25 Minutten en Eelefmeter zougesprach, deen de Millot zum 1:0 eragesat huet. Fënnef Minutten duerno louch de Ball nees am Filet vu Leipzig, dës Kéier duerch den Undav, de Vertrieder vum Guirassy, dee beim Afrika-Cup ass. Leipzig huet mat der nächster Attack awer den Uschloss nees hiergestallt an et sollt mat 2:1 an d’Paus goen.
Stuttgart huet no der Paus direkt een dropgesat a Leipzig ënner Zuchzwang gesat. D’Ekipp vum Marco Rose huet och gekontert a koum duerch den Openda zum 2:3, mee duerno ass bei Leipzig net méi vill zesummegelaf a Stuttgart konnt an der Persoun vum Deniz Undav nach zwee Goler schéissen, wat fir hien den éischten Hattrick an der Bundesliga bedeit huet. De VfB gewënnt um Enn héichverdéngt géint d’Ekipp aus Sachsen.
Den FC Bayern huet sech beim 3:2 zu Augsburg keng Bléisst ginn. D’Bayern haten e puer Problemer, fir an de Match ze kommen, a Gléck, dass de Gol vun Augsburg wéinst Abseits net gegollt huet. Augsburg huet am Ufank mat vill Engagement gespillt, mee et war de Rekordmeeschter, deen an der 23. Minutt duerch de Pavlovic markéiere konnt. Bis kuerz virun der Paus sollt net méi vill geschéien, mee mat der leschter Aktioun am éischten Duerchgang huet den Davis den FCB mat zwee Goler a Féierung bruecht.
Déi zweet Hallschent huet mam Uschloss vun Augsburg ugefaangen, mee de Kane huet 10 Minutten duerno nees den ale Virsprong fir d’Bayern hiergestallt. An der Schlussphas ass Augsburg nach eng Kéier ugerannt, mee konnt en Eelefmeter net notzen. An der Nospillzäit ass dem Demirovic nach säin zweete Gol gelongen.
Bayer Leverkusen huet no engem 0:0 d’Punkte mat Gladbach gedeelt, woumat de Virsprong op München just nach bei zwee Punkte läit. D’Werkself hat an der éischter Hallschent iwwer 70 Prozent Ballbesëtz, konnt awer kee Kapital doraus schloen. Virun allem am Ufank konnt sech Leverkusen eng Rei gutt Chancen erausspillen, mee no 30 Minutte goufen d’Méiglechkeeten ëmmer manner.
Dat selwecht Bild huet sech an der zweeter Hallschent gewisen: d’Ekipp vum Xavi Alonso ass ugerannt, mee ass net an de 16-Meter-Raum komm oder ass um Gladbacher Golkipp gescheitert. Domat hunn d’Spectateuren am Rheinderby keng Goler gesinn.
Bremen confirméiert déi staark Performance géint München vu leschter Woch a gewënnt 3:1 géint Freiburg. An enger chancenaarmer éischter Hallschent sollte béid Ekippe vun engem Eelefmeter profitéieren, fir hir Goler ze schéissen. Bremen krut schonn an der 8. Minutt e Penalty zougesprach, a Freiburg huet 20 Minutte méi spéit aus eelef Meter den Ausgläich markéiert. Werder koum besser aus der Paus an huet sech kuerz drop mat engem Gol belount. Dat huet Freiburg e Knacks ginn a si sinn net méi wierklech virun de géigneresche Gol komm. An der Nospillzäit huet Bremen dunn alles kloer gemaach.
De VfL Wolfsburg an den 1. FC Köln trenne sech 1:1. An der Ufanksphas vum Match war de Linienrichter duerch e Schoss sou grav am Gesiicht getraff ginn, dass hien net méi weidermaache konnt. De véierten Offiziellen huet säi Part iwwerholl, mee dunn huet en Zuschauer d’Roll vum véierten Offizielle mussen iwwerhuelen. No enger Ënnerbriechung vu 15 Minutte huet Köln mat der éischter gudder Chance no engem Fräistouss den 1:0 geschoss. D’Wëllef hunn awer direkt geäntwert an am Géigenzuch den Ausgläich markéiert. An der zweeter Hallschent hate béid Ekippe wuel nach eng Rei gutt Chancen, mee de Ball sollt de Wee an de Filet net méi fannen.
Och am Match tëscht Hoffenheim an Heidenheim gouf et kee Gewënner, béid Ekippen trenne sech 1:1. Hoffenheim hat de Match am Ufank ënner Kontroll, mee krut an der 29. Minutt duerch d’Féierung vun de Gäscht déi kal Dusch. D’TSG huet eng e bësse gebraucht, fir nees an de Match ze kommen, a gouf an der Nospillzäit vum éischten Duerchgang mam Ausgläich belount. An den zweete 45 Minutte hat virun allem d’TSG eng Rëtsch Golchancen, déi si net genotzt hunn - och, well de Golkipp vun Heidenheim ëmmer am Wee stoung.
E Freidegowend hat sech Frankfurt mat 1:0 géint Mainz, mam Leandro Barreiro, behaapt an d’Ofstigssuerge vun de Mainzer domat vergréissert.
Am Owesmatch sti sech Leverkusen a Gladbach ab 18.30 Auer am Rheinderby géintiwwer.
D’Resultater aus den aneren europäesche Lige fannt Dir hei.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.