Internationale FuttballReal Madrid bleift un der Spëtzt

RTL Lëtzebuerg
Den FC Barcelona huet de Golfestival géint Villareal verluer. An der Serie A muss sech Juventus Turin mat engem Punkt zefridde ginn.
© AFP

Bundesliga

Resultater an de Verlaf vun de Match fannt Dir an dësem Artikel.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

An der Premier League rullt de Ball dëse Weekend wéinst de Matcher am FA Cup net.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Juventus Turin - Empoli 1:1
1:0 Vlahovic (50'), 1:1 Baldanzi (70')

Juventus verpasst et, sech un der Tabellespëtzt vun Inter Mailand ofzesetzen. Fir déi Al Damm hat de Match mat der fréier rouder Kaart fir de Milik wéinst graffem Foulspill net gutt ugefaangen. Den italieenesche Rekordchampion huet knapp 70 Minutten an Ënnerzuel musse spillen, wat Empoli an d’Kaarte gespillt huet. Den Tabellenzweetleschte konnt awer kee Profitt doraus schloen. Turin war kuerz no der Paus a Féierung gaangen, déi Empoli awer nach ausgläiche konnt. Um Enn kann Turin mat deem enge Punkt zefridde sinn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Nice - Metz 1:0
1:0 Guessand (76', Eelefmeter)

Den Tabellenzweeten Nice setzt sech knapp, awer verdéngt mat 1:0 géint Metz duerch. Metz war just an der éischter Hallschent geféierlech virun de Gol vun Nice komm a konnt an der zweeter Hallschent keng grouss Akzenter méi setzen. OGC Nice hat virun allem an der zweeter Hallschent eng Rei Chancen an huet eng dovun notze kënnen, fir um Enn als Gewënner vum Terrain ze goen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Las Palmas - Real Madrid 1:2
1:0 Javier Munoz (53'), 1:1 Vinicius Junior (65'), 1:2 Tchouaméni (84')

An der éischter Hallschent hat Las Palmas méi Ballbesëtz, mee Real hat déi besser Golchancen. Trotzdeem goung et ouni Goler an d’Paus. Mat der zweeter gudder Aktioun huet d’Heemekipp den éischte Gol vum Match markéiert, an dat mol net onverdéngt. Madrid huet 10 Minutte gebraucht, fir eng Äntwert ze fannen, a konnt duerch e satte Schoss vum Vinicius Junior den Ausgläich markéieren. Den agewiesselte Tchouaméni huet 6 Minutte viru Schluss per Kapp fir d’Entscheedung gesuergt. Mat dëser Victoire bleift Real Madrid Éischten an der Tabell, zwee Punkte viru Girona.

FC Barcelona - Villareal 3:5
0:1 Moreno (41'), 0:2 Akhomach (54'), 1:2 Gündogan (60'), 2:2 Pedri (68'), 3:2 Bailly (71', Eegegol), 3:3 Guedes (84'), 3:4 Sörloth (90'+9), 3:5 Morales (90'+11)

An enger verréckter Partie mat aacht Goler geet Barcelona als Verléierer vum Terrain. Schonn zur Hallschent goufen d’Spiller wéinst der schlechter Leeschtung mat Pëff an d’Kabinne begleet. Villareal konnt ee vu senge geféierleche Konter kuerz virun der Paus zum 1:0 notzen. An enger verréckter zweeter Hallschent konnten d’Haushären de Match fir d’éischt dréinen, éier Villareal mat dräi Konteren d’Rudder nach eng Kéier zu senge Gonschten dréine konnt. Domat ass Barcelona op gewëss Zäit aus der Meeschtercourse eraus.

Op der Pressekonferenz nom Match huet den Trainer vum FC Barcelona Xavi säi Récktrëtt fir Enn der Saison ugekënnegt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO