
Heidenheim huet sech doheem iwwerraschend mat 3:2 géint Bayern München duerchgesat. D’Gäscht ware spillbestëmmend an hu virun der Paus zweemol markéiert. De Kane an de Gnabry haten an de Filet getraff. No der Paus ass et dem Underdog Heidenheim awer gelongen, 2 Goler innerhalb vun enger Minutt a 26 Sekonnen ze schéissen. De Sessa an de Kleindienst hunn dofir gesuergt, datt et no 52 Minutten 2:2 stoung. An der Suite gouf et Chancen op béide Säiten. An der 79. Minutt huet de Kleindienst seng Faarwe mat 3:2 vir bruecht. Et sollt bis zum Schluss bei der Sensatioun bleiwen.
Union Berlin huet 0:1 géint Leverkusen verluer. Leverkusen war dréckend iwwerleeën, Union huet bis an d’Nospillzäit vun der 1. Hallschent gutt verdeedegt. Du krut de Robin Gosens eng giel-rout Kaart gewisen an huet missen dusche goen, Kuerz drop huet den Trimmel de Ball mat der Hand gespillt, an de Wirtz huet no engem Eelefmeter den 1:0 fir d’Gäscht markéiert. An der zweeter Hallschent ass näischt méi passéiert a Leverkusen baut de Virsprong un der Tabellespëtzt op 16 Punkten aus.
Mainz huet eng wichteg 4:0-Victoire an der Lutte géint den Ofstig géint Darmstadt gefeiert. D’Heemekipp, wou de Leandro Barreiro vun Ufank un um Terrain stoung, war dominant an der 1. Hallschent a konnt an der 33. Minutt duerch den Hanche-Olsen a Féierung goen. An der 60. Minutt huet de Gruda op 2:0 erhéicht. An der Schlussphas sinn zwee weider Goler duerch de Lee gefall. Mainz huet op der Relegatiounsplaz elo just nach 3 Punkte Retard op déi 15. an domadder éischt Net-Ofstigsplaz. Darmstadt huet just 14 Punkten an huet 9 Punkte Retard op d’Relegatiounsplaz. Et wäert schwéier ginn, fir den Ofstig ze verhënneren.
Köln huet in extremis 2:1 géint Bochum gewonnen. No enger 1. Hallschent ouni Goler, goungen d’Gäscht an der 54. Minutt duerch de Passlack a Féierung. An der Nospillzäit huet Köln dunn den Turbo gezünt. An der 91. Minutt konnt den Tigges ausgläichen, éier de Waldschmidt knapp eng Minutt drop de vill gefeierten 2:1 geschoss huet. Köln bleift domadder op der 17. Plaz, huet just ee Punkt Retard op Mainz a 4 Punkte Réckstand op Bochum.
Freiburg huet doheem géint Leipzig mat 1:4 de Kierzere gezunn. Den Haidara hat den 1:0 fir d’Gäscht schonn an der 2. Minutt markéiert. Freiburg war weiderhin net am Match a huet an der 18. Minutt duerch den Openda den zweete Géigegol missen astiechen. Virun der Paus koum et knëppeldéck fir d’Heemekipp. Fir d’éischt schéisst den Höler en Eelefmeter net eran, éier op der anerer Säit den Openda den 3. Gol markéiert hat. D’Partie war domadder an der Paus schonn entscheet. Och nom Säitewiessel ass fir d’Ekipp vum Christian Streich näischt zesummegelaf an de Sesko huet de 4. Gol fir Leipzig markéiert. An der 59. Minutt konnt de Grifo awer nach verkierzen.
Am Owesmatch huet sech Stuttgart mat 1:0 zu Dortmund duerchgesat. An der éischter Hallschent hu sech béid Ekippen neutraliséiert an et ass vill tëschent de Strofraim gespillt ginn. No der Paus gouf et Chancen op béide Säiten. No enger flotter Aktioun iwwer riets war et de Guirassy, deen d’Gäscht 1:0 vir bruecht huet. Dortmund huet an der Suite probéiert no vir ze kommen, Stuttgart stoung hannen awer ganz gutt. An der 80. Minutt huet de Schlotterbeck d’Konschtstéck fäerdeg bruecht, fir de Ball aus 3 Meter iwwer de Gol ze schéissen. Dortmund huet no vir alles probéiert, Nübel a Co konnten déi berüümten Null awer halen. An der Tabell huet Stuttgart elo 60 Punkten, genee souvill wéi Bayern München.
Hei fannt Dir den Iwwerbléck vun de Matcher aus den aneren Top-Ligen an Europa.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.