
Bis Enn der Saison iwwerhëlt elo de Gérard Jeitz, dee jo och President ass. De Jeitz gëtt assistéiert vum Jérôme Winckel a Siebert Marcin.
Rëmeleng läit den Ament op der leschter Plaz an der Tabell an der BGL Ligue. Si hunn de leschte Weekend auswäerts géint d’Fola mat 7:0 verluer.