
An der éischter Halleffinall konnt sech d’Jabeur géint d’Franséisin Caroline Garcia an zwee Sätz mat 6:1 a 6:3 souverän duerchsetzen.
An der zweeter Halleffinall konnt sech d’Polin Swiatek géint d’Wäissrussin Aryna Sabalenka an dräi Sätz mat 3:6, 6:1 a 6:4 d’Victoire sécheren.
D’Finall gëtt e Samschden zu New York am Arthur Ashe Stadion um 22.00 Auer eiser Zäit gespillt.