
Den Duell Swift Hesper géint den FC Déifferdeng 03 vum 1. Spilldag gëtt e Samschdeg um 19.30 Auer ugepaff. Et ass am Virfeld vill vun Hesper geschwat ginn a vun de ville bekannte Leit, déi op den Holleschbierg gewiesselt sinn, mä den FC Déifferdeng ass net fir näischt europäesch.
Den Opsteiger Hesper huet net nëmme quantitativ um Transfertmaart zougeschloen, mä natierlech och qualitativ. Et war jo och gewosst, datt de Flavio Becca vill géif investéieren. Esou Spiller wéi Turpel, Malget, Stolz, Schnell, Prempeh, Joubert a sou weider si bei der Kader dobäi gestouss.
Den Trainer Jeff Strasser sëtzt op der Bänk. Och do ass en héich kotéierte Mann u Bord gezu ginn. Éier den Trainer vu senger Ekipp geschwat huet, wollt hien e puer Deeg virum Optakt vun der Saison allgemeng eppes zu der aktueller Situatioun lassginn. Fir de Jeff Strasser feelt et den Ament nämlech u klore Richtlinnen, déi fir jidderee gläich sinn. Hie géing sech freeën, wann dat méi kloer, konkret an detailléiert fir jidderee géing gemaach ginn.
Ganz vill Spiller sinn nei beim Swift, mä hu beim F91 zesummegespillt. Da kléngt emol als Virdeel. Nervt et allgemeng den Trainer Strasser, datt am Virfeld vun der Saison esou vill Leit de Swift als däitleche Favorit annoncéieren?
“Ech si jo net dee wou et seet. Et gëtt ëmmer gesot, ech lauschtere guer net no, ech konzentréiere mech op déi dagdeeglech Aarbecht mat der Ekipp. Mir hunn och e grousse Kader, fir mech villäicht een ze grousse Kader, mä et ass ëmmer gutt, wa verschidde Spiller schonn zesumme gespillt hunn”.
Beim Swift wäert den Nationalspiller Dave Turpel laang blesséiert ausfalen.
Beim FC Déifferdeng hat ee sech iwwert eng gelonge lescht Saison gefreet. Gefreet huet de Fusiounsveräin sech och iwwer den Transfert vum Aurélien Joachim, ewéi den Trainer Paolo Amodio confirméiert. De Kader ass mat engem Duerchschnëttsalter vun 22 Joer nach ganz jonk an do kann een erfuerene Spiller, wéi de Joachim, eng wichteg Roll iwwerhuelen.
De Paolo Amodio ass och ee vun deenen, dee fënnt, datt Swift Hesper, 1. Géigner vum FC Déifferdeng, de Favorit ass.
Déi Déifferdenger kréien eng intensiv Zäit, well schonn de 26. August ass den Depart a Richtung Bosnien fir den Europa-League-Match.
BGL Ligue - Virschau (1): Munneref géint HueschtertBGL Ligue - Virschau (2): FC Wolz 71 géint Etzella EttelbréckBGL Ligue - Virschau (3): Victoria Rouspert géint RodangeBGL Ligue - Virschau (4): RM Hamm Benfica géint F91 DiddelengBGL Ligue - Virschau (5): Union Titus Péiteng géint Una Stroossen