LiichtathletikSydney McLaughlin brécht Weltrekord iwwer 400 Meter Hecken

RTL Lëtzebuerg
D'Sydney McLaughlin huet bei den US-Trials vun de Liichtathleten zu Eugene am Bundesstaat Oregon en neie Weltrekord iwwer 400 Meter Hecken opgestallt.
© AFP

Déi 21 Joer jonk Athletin konnt eng Zäit vun 51,90 Sekonne realiséieren an ass domat déi éischt Fra, déi ënner 52 Sekonne bleift. Den ale Rekord hat d’Dalilah Muhammad opgestallt (52,19). D’Olympia-Gewënnerin gouf zu Eugene déi Zweet hannert dem Sydney McLaughlin.

Back to Top
CIM LOGO