
Ier den nächste Weekend de Playoff am nationale Basket-Championnat ufänkt huet den T71 Diddeleng nees een zweeten US-Amerikaner engagéiert. Den DJ Laster huet beim Veräin aus dem Süde vum Land ee Kontrakt ënnerschriwwen. Den 23 Joer alen US-Amerikaner ass 1,98 Meter grouss. De Laster huet fir d’Gardner-Webb-Uni gespillt a stoung fir d’Lescht fir de finnesche Veräin Vilpas Vikings um Parquet.
De Ryan Anderson hat Ufank der Woch dem T71 de Réck gedréint, well hie ee lukrative Kontrakt an der Ukrain ënnerschriwwen huet.