Lëtzebuerger Ekipp mat vertruedenTeamGym-Europameeschterschaft dierft vill Leit an d'Coque lackelen

RTL Lëtzebuerg
12 Turnerinne wäerte Lëtzebuerg op der TeamGym-Europameeschterschaft vun e Mëttwoch un an der Arena vun der Coque vertrieden.
12 Lëtzebuerger Turnerinne bei der TeamGym-EM um Depart
An dëser origineller a spektakulärer Kompetitioun, ginn d’Eenzelbewäertungen zesummegezielt fir d’Ekippeklassement opzestellen.

Do wäerte vill Leit um Rendez-vous sinn. D’Turnfederatioun rechent mat Minimum 2.500 Spectateuren. Eleng schonn aus Dänemark wäerte 500 Supporter fir Stëmmung suergen.

Zanter dem Ufank vun der Vakanz trainéiert d’Nationalekipp 3 Mol an der Woch, bis zu 6 Stonnen am Dag. Do kënnt nach e Stage vun enger Woch a Portugal derbäi. Iwwert dee Wee huet de Grupp sech technesch verbessert an ass zesummegewuess.

An dëser origineller a spektakulärer Kompetitioun ginn d’Eenzel-Bewäertungen zesummegezielt, fir d’Ekippeklassement opzestellen. Geturnt gétt um Buedem, dem Mini-Trampolin an um sougenannten Tumbling. Et muss ëmmer een aus der Grupp a Beweegung sinn, wat méi séier hannerteneen, wat besser.

E Mëttwoch um 19 Auer wäert eist Juniorinnen-Ekipp probéieren, ënnert déi 8 Éischt ze kommen a sech esou fir d’Finall ze qualifizéieren. Ouni Zweiwel en interessante sportleche Rendez-vous.

Lëtzebuerg gëtt representéiert duerch folgend Turnerinnen:

Thuy Lena
Brenner Kiara Lisa
Di Millo Aimée
Freitas Shanice
Marochi Paloma
Neves Roupar Sara
Njoya Maura
Pinto Carvalho Leticia
Read Emma
Riel Allison
Scheer Ella
Bistrup Sandhoj Frida

Back to Top
CIM LOGO