Bei den Häre huet sech de Lëtzebuerger Leefer Laurent Reichling virum Sebastien Laurier aus Frankräich an dem Abdel Taghbib aus Lëtzebuerg duerchgesat. Op der Distanz vun 10 Kilometer gouf et eng interessant Course mat klengen Ecarten tëscht den éischten Dräi.
Bei den Damme war d’Tekuam Bisetegn net ze schloen. Hat behaapt sech virun de Lëtzebuergerinnen Liz Nepper an dem Anny Wolter.