
Am Riseslalom bei den Damme konnt d‘Favoritin Gwyneth ten Raa sech behaapten. Hannendru kommen d‘Joyce ten Raa an d‘Eleonore Dubois op d’Plazen zwee an dräi.
Bei den Häre geet den Titel un de Matthieu Osch. Sëlwer a Bronze ware fir de Joachim Keghian an de William Lindfors.
Opgrond vun de schlechte Wiederkonditioune gouf de Slalom um Sonndeg ofgesot.