
Bei den Australian Open 2022 huet den Novak Djokovic fir Opreegung gesuergt. Den Tennisprofi a fréier Nummer 1 vun der Welt war net geimpft an huet dowéinst d’Land misse verloossen, nach éier den Tournoi ugefaangen huet.
Dëst Joer ass vun dëse strenge Reegele keng méi rieds. Bei der Editioun 2023 dierfen nämlech esouguer infizéiert Spiller fir hire Match untrieden, wéi den Organisateur matdeelt. Et muss een der Organisatioun emol net méi matdeelen, wann ee sech positiv getest huet. Et bleift just d’Recommandatioun, doheem ze bleiwen, wann ee sech net fit spiert, fir de Match ze spillen. Déi nämmlecht Reegele gëllen och fir d’Spectateuren.