Match tëscht Brasilien an ArgentinienTerrain zu São Paulo gestiermt wéinst Corona

Tom Hoffmann
Am Futtball gehéiert de Match tëscht Brasilien an Argentinien zum absolutte Klassiker.
Corona-Eclat a Brasilien
Déi brasilianesch Gesondheetsinspektioun huet den Terrain no 5 Minutten gestiermt, well sech 4 argentinesch Spiller net un d’Quarantän-Mesurë gehalen hunn.

Béid Länner stounge sech am Kader vun der WM-Qualifikatioun géintiwwer. Dës Partie gouf awer no nëmmen 5 Minutten ënnerbrach an duerno och net méi ugepaff.

Et ware chaotesch Zeenen, déi sech e Sonndeg zu São Paulo ofgespillt hunn. Jiddereen huet sech op de Match Brasilien géint Argentinien gefreet, ma déi war net vun laanger Dauer.

Déi brasilianesch Gesondheetsinspektioun huet den Terrain no 5 Minutten gestiermt, well sech 4 argentinesch Spiller, déi an der Premier League ënner Kontrakt stinn, net un d’Quarantän vu 14 Deeg gehalen hunn. Déi ass awer néideg, well England op der rouder Lëscht vu Brasilien steet.

Déi 4 Profien (Emiliano Martinez, Emiliano Buendia (béid bei Aston Villa), Cristiano Romero an Giovani Lo Celso (béid bei Tottenham Hotspur) hunn um Areesdokument uginn, dass si déi lescht 14 Deeg net an England gewiescht wieren, fir esou d’Quarantän ze ëmgoen. 3 vun hinne stoungen awer an deenen éischten 11.

Nodeems d’argentinesch Spiller an de Kabinne waren an no laangen Diskussiounen hannert de Kulissen, gouf dunn no 50 Minutten decidéiert, de Match net méi unzepäifen.

D’Fifa huet annoncéiert, dass eng Enquête opgemaach gouf, méi kéint een aktuell awer nach net soen, ob a virun allem wéini de Match kéint nogespillt ginn.

Back to Top
CIM LOGO