Weltcupfinall am Schi AlpinTessa Worley entscheet Riseslalom-Weltcup fir sech

RTL Lëtzebuerg
An der leschter Course vun der Saison zu Méribel/Courchevel ass dem Tessa Worley eng 4. Plaz duergaangen, fir d'Gesamtwäertung am Riseslalom ze gewannen.
© AFP

Gewonne gouf déi lescht Manche vun der Italienerin Federica Brignone virum Marta Bassino. Si hat e Virsprong vun 0,31 Sekonnen. Déi drëtt Plaz mat engem Retard vun 0,37 Sekonne goung un Slowakin Petra Vlhova.

Tessa Worley hat am Riseslalom-Weltcup um Enn e Virsprong vu 27 Punkten op Sara Hector. D’Schwedin koum um Sonndeg just op déi 14. Plaz, soudass si am leschte Moment vum Worley ofgefaange gouf.

Beim Slalom bei den Häre goung déi lescht Victoire un de Atle Lie McGrath virum anere Norweger Henrik Kristoffersen (+ 0,37 Sekonnen). De Podium gouf vum Éisträicher Manuel Feller (+0,77 Sekonnen) komplettéiert. Déi zweet Plaz ass dem Kristoffersen duergaangen, fir de Slalom-Weltcup virum Feller fir sech ze entscheeden.

Back to Top
CIM LOGO