Generalversammlung vum COSLThema waren d'Finanzen, d'"Licence unique" an de Krich an der Ukrain

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war déi uerdentlech Generalversammlung vum Lëtzebuerger Olympesche Comité.
Generalversammlung vum COSL
E Samschdeg war déi uerdentlech Generalversammlung vum Lëtzebuerger Olympesche Comité. Thema waren d’Finanzen, d’"Licence unique” an de Krich an der Ukrain.

Op der Generalversammlung vum Lëtzebuerger Olympesche Comité war de Krich an der Ukrain een Thema. Do dernieft gouf awer och iwwer d’Finanzen diskutéiert.

Generalversammlung vum COSL / Rep. Rich Simon

De COSL-President André Hoffmann huet eng weider Kéier gefuerdert, datt an Zukunft 1 Prozent vum globale Budget vum Staat an de Sport soll fléissen. Den Ament wier ee bei just 0,33 Prozent. Fir den neie Sportminister Georges Engel misst een awer alles a Betruecht zéien, wann ee vum Budget schwätzt.

Do muss een d’Infrastrukture mat arechnen, déi de Bâtiment Public ausgëtt fir Sportinfrastrukturen. Do muss een déi Sue mat arechnen, déi d’Arméi ausgëtt fir d’Elite-Sportler. Och déi vum Educatiouns- respektiv Jugendministère. Wann een dat alles zesummerechent, da si mir op 0,96 Prozent an also net méi wäit ewech vun 1 Prozent.

Den André Hoffmann huet a senger Ried déi sougenannten “Licence unique” ugeschwat. Et wier derwäert, mat de Federatiounen iwwer déi ze diskutéieren.

Soller mir net am Jugendberäich eng Lizenz maachen, wou de Médico fir all Sport gutt ass. Ausser fir déi, déi spezifesch medezinesch Besoinen hätten. Fir datt Jugendlecher un enger Sportmanifestatioun kënnen deelhuelen, wat net hir Stammfederatioun ass.

E weidert Thema war “Safeguarding”, wou bis elo bei eis am Land net vill driwwer geschwat gouf.

Et geet drëm, Behuelensweise vis-à-vis vu Jonken, vu Kanner esou opzestellen, datt mir sécher sinn, datt hinne wärend hirer Sportkarriär näischt geschitt, wat hir Persoun oder hir Psych géif betreffen.

Den André Hoffmann huet och nach gesot, datt et absolut richteg ass, datt wéinst dem Krich an der Ukrain russesch a belarussesch Sportler den Ament net däerfen u Sportkompetitiounen deelhuelen.

Nei am Conseil vum COSL ass de Carlo Goeres. Hien ersetzt de Ralf Lentz, deen elo beim COSL schafft an dofir seng Plaz am Conseil huet mussen opginn.

Back to Top
CIM LOGO