BasketThomas Grün kritt däitsche Pass, spillt awer weider fir Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
De 25 Joer ale Basketspiller lieft zanter 7 Joer an Däitschland a spillt do fir d'Basketekipp vun Tréier an der zweethéchster Liga.
© Ant Deister

Datt hien elo déi däitsch Staatsbiergerschaft huet, kéint Virdeeler fir den Thomas Grün hunn. Elo zielt hien nämlech net méi als Auslänner a kéint doduerch méi ze spille kréien. Et dierfen nämlech just 3 Auslänner gläichzäiteg um Terrain stoen.

Den Thomas Grün wäert awer weiderhi fir déi Lëtzebuerger Nationalekipp spillen.

Back to Top
CIM LOGO