BundesligaThomas Müller huet bis 2023 beim FC Bayern München verlängert

RTL Lëtzebuerg
De Vertrag vum 30 Joer ale Weltmeeschter wär beim Däitsche Rekordchampion d'nächst Joer am Juni ausgelaf.

De Müller ass elo schonn zanter 20 Joer beim FC Bayern. Et goufen an de leschte Méint ëmmer nees Rumeuren, dass hien eventuell an d’Ausland géif wiesselen.

Dat sollt sech also net bestätegen.

Back to Top
CIM LOGO