FuttballTim Hall no 6 Méint ouni Veräin elo bei Ujpest Budapest

RTL Lëtzebuerg
Déi lescht Méint ware richteg schwiereg fir den Tim Hall. De 25 Joer ale Lëtzebuerger Futtballprofi stoung an där Zäit ouni Club do.
© Val Wagner

De ganze Misär hat bei senger leschter Statioun op Zypern ugefaangen, wou en Auto him am Kader vun engem Match iwwert de Fouss gefuer war. Déi Blessur um Enn vun der Saison huet et du quasi onméiglech gemaach, datt aner Veräiner op den Verdeedeger opmierksam goufen.

Tim Hall beim Ujpest Budapest / Rep. Frank Hippert

Wéi den Tim Hall erkläert huet, hätt hie wärend dëser Zäit hei am Land trainéiert. “Ech hu mech an där Zäit beim Progrès Nidderkuer fit gehalen an ech hu probéiert, staark am Kapp a a positiv ze bleiwen, datt ech am Januar eppes fannen wäert, fir nees an d’Ausland ze goen.”

Zanter dëser Woch huet den Tim Hall dann awer mat Ujpest Budapest an der ieweschter Divisioun an Ungarn en neie Profi-Veräi fonnt.

Iert de 4-fache Lëtzebuerger Futtballnationalspiller an der Woch säi Kontrakt zu Budapest ënnerschriwwen huet, war hien mat sengem neie Club schonn 10 Deeg am Stage an der Tierkei, an ass eréischt am gaangen, sech e Bild vun sengem neie Veräin ze maachen. D’Installatioune sinn ganz gutt an de Club huet och vill Supporter.

D’Chancë stinn dann och gutt, datt den Tim Hall zu den éischten 11 misst gehéieren, well den 20-fachen ungaresche Champion op der Zentralverteidegerpositioun dënn besat war.

Ze hoffe bleift, datt de Lëtzebuerger Futtballprofi et bei senger Statioun zu Budapest méi laang packt, wéi 2021 bei Wisla Krakau, wou d’Aventure schonn no 9 Deeg eriwwer war. D’Zil vum Tim Hall sengem neie Veräin, dem Tabellen-10. ass et op alle Fall an der ieweschter ungaresche Divisioun ze bleiwen.

Déi 10. Plaz ass gläichbedeitend mat der drëttleschter Positioun an der Tabell. No der Wanterpaus geet de Championnat e Sonndeg-8-Deeg fir Ujpest weider an do kritt den Tim Hall mat sengem Veräin et am Kellerduell mam 11. Honvéd ze dinn.

Back to Top
CIM LOGO