
Nodeems den 23 Joer alen Lëtzebuerger Nationalspiller de Vertrag bei Karpaty Lwiw an der Ukraine opgeléist hat, war dësen op der Sich no engem neie Veräin. Trotz Offeren vun direkt e puer Veräiner huet den Tim Hall sech fir den Tabellen-10. aus der Portugiesescher Liga entscheet bei deem en e Kontrakt vun 2 Joer ënnerschriwwen huet.