SchifléienTimi Zajc zu Oberstdorf ganz uewen um Podium

RTL Lëtzebuerg
De Ryoyu Kobayashi konnt iwwerdeems de Virsprong op de Karl Geiger am Gesamtweltcup ausbauen.
© Christof Stache/AFP

De Slowen Timi Zajc huet sech beim Schifléien zu Oberstdorf duerchgesat. Hien ass op 211,5 an 225 Meter geflunn an hat e Virsrpong vu knapp 7 Punkten op de Piotr Zyla (218,5/221 Meter) aus Polen. De Zyla war nom éischte Sprong nach a Féierung. Drëtte gouf den Éisträicher Stefan Kraft (212/222,5 Meter).

Am Gesamtweltcup huet de Ryoyu Kobayashi säi Virsprong op de Karl Geiger op 66 Punkten ausgebaut. De Japaner koum um Sonndeg op déi 6. Plaz. De Geiger gouf de 9..

Back to Top
CIM LOGO