
Tiril Eckhoff huet och d’Poursuite iwwer 10 km zu Hochfilzen dominéiert. Norwegerin huet mat nëmmen 1 Feeler beim Schéissen näischt ubrenne gelooss a ka sech iwwert eng weider Victoire freeën. Hannert der Norwegerin war et awer eng ganz spannend Course. D’Hanna Öberg huet am leschte Schéisse feelerfräi geschoss an ass mat 10 Sekonne Virsprong op déi 3. Plaz an déi leschte Ronn gaangen. Dem Hanna Öberg seng Schwëster Elvira Öberg huet sech am Fotofinish knapps virun der Norwegerin Tandrevold déi 3. Plaz geséchert. Dorothe Wierer ass no enger Chute an der leschter Ronn op Plaz 5 gefuer.
Bei den Häre stoung um Samschdeg de Mëtteg d’Poursuite iwwer 12,5 km um Programm. De Gewënner vum Sprint de Sturla Holm Laegreid war och an der Poursuite de beschten Athlet an huet mat nëmmen 1 Feeler um Schéissstand der Konkurrenz keng Chance gelooss. Beim 3. Schéisse sinn de Laegreid an de Johannes Dale, zweeten am Sprint, zesummen op de Schéissstand komm. Ganzer 3 Feeler huet awer de Johannes Dale geschoss, sou dass dem Laegreid Victoire kengem méi konnt fort huelen. Et war dem Norweger seng 3. Victoire an dëser Saison. De Fransous Emilien Jacquelin fiert mat 8,5 Sekonnen op déi zweete Plaz, knapps virum Johannes Thingnes Bo.