
D’Tiril Eckhoff huet en Donneschdeg op en Neits de Sprint am Biathlon-Weltcup zu Oberhof gewonnen. D’Norwegerin hat no 7,5 Kilometer an engem Feeler am zweete Schéissen eng Avance vun 9,3 Sekonnen op d’Dorothea Wierer (0 Feeler) aus Italien. Op déi drëtte Plaz ass d’Éisträicherin Lisa Theresa Hauser gelaf (0 Feeler / +12,6 Sekonnen).