
Op der Weltmeeschterschaft am Biathlon zu Oberhof an Däitschland huet d’Lokalmatadorin Denise Hermann-Wick no hirem Titel an der Poursuite virun 4 Joer, dës Kéier d’Goldmedail am Sprint iwwer 7,5 Kilometer gewonnen. Déi 34 Joer al Däitsch Biathletin huet sech virun deenen zwou Schwedinnen Hanna Oeberg a Linn Person duerchgesat.