Lis FautschTokio 2021 als Ofschloss vun der Karriär

RTL Lëtzebuerg
Eigentlech war et dem Lis Fautsch säi Plang, fir no den olympesche Spiller dëst Joer zu Tokio mam Fechten opzehalen.
Liz Fautsch: Tokyo 2021 als Ofschloss vu senger Karriär
Eigentlech war et dem Lis Fautsch säi Plang, fir no den olympesche Spiller dëst Joer zu Tokio mam Fechten opzehalen.

Well déi awer duerch Pandemie op 2021 verréckelt goufen, huet d’Lëtzebuergerin nach e Joer un d’Karriär drugehaangen, fir bei de Spiller dobäi ze sinn. Am Summer gouf et awer eng Iwwerraschung, déi d’Preparatioun fir Tokio net méi einfach mécht.

D’Lis Fautsch ass nämlech Schwanger. Dat am 7. Mount. Dowéinst huet och den Trainingsplang missten adaptéiert ginn. Am Ufank war et eng ganz schwiereg Situatioun, fir erauszefannen, wéi de Sportler eng Schwangerschaft an de Sport kombinéieren kann.

„Ech hunn vill Support vum LIHPS a vum COSL kritt, fir kënne weider u mäin Dram ze gleewen a fir dat kënnen ze realiséieren. Et geet de Moment relativ gutt, ech kann nach gutt trainéieren a fille mech fit a versichen dat nach esou laang wéi méiglech bäizebehalen.”
Den Ament kann nëmmen a klengen Etappen trainéiert ginn, well de Bols maximal tëschent 140 an 150 leien dierf. Den Dram, fir un den olympeschen Spiller deelzehuelen, lieft, trotz der Schwangerschaft nach ëmmer. An dofir kuckt d’Lis Fautsch scho gespaant Richtung Abrëll. Do soll de Qualifikatiounstournoi fir Tokio 2021 organiséiert ginn.

„Ech hunn Zil, op Tokio ze goen. Ech hat dat Zil d’lescht Joer am Mäerz virun der Pandemie an ech hunn dat Zil nach ëmmer. Virdru ware meng Chancë genau esou grouss wéi elo, ech muss deen Tournoi gewannen. Dat kann a wëll ech hikréien.”

Eigentlech sollt d’Lis Fautsch jo schonn an der verdéngter sportlecher Pensioun sinn. Eng Aarbecht huet Fechterin fir no hirer aktiver Karriär scho fonnt. Schonn elo gëtt eng Hand am administrative Beräich vum COSL mat ugepaakt.

„Ech wollt einfach an d’Beruffsliewen eraklammen. Et ass och physesch fir mech gutt gewiescht. Ech hunn eng gewëssen Erfarung a ka souwisou net méi esou vill trainéieren, wéi ech nach 20 Joer hat, well ech einfach vill méi séier midd sinn an den Trainingspensum halen ech net méi esou héich an esou hunn ech am Kapp wéinstens nach eppes anescht an dat deet mir eigentlech ganz gutt.”

D’Lis Fautsch bleift dem Fechtsport awer och no hirer Karriär trei. Dann eventuell als Sparringpartner, fir esou déi gesammelt Erfarungen un den Nowuess weider ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO