OlympiaTokio2020 kéint 2021 quasi zum nämmlechten Datum sinn

Franky Hippert
No Informatiounen aus Japan an den USA wär dann d'Ouvertureszeremonie de Freideg 23. Juli an d'Spiller géife bis sonndes den 8. August daueren.

Et kéint gutt sinn, datt d’Olympesch Summerspiller zu Tokio, déi jo wéinst dem Coronavirus op d’nächst Joer verluecht goufen, quasi zum genee nämmlechten Datum wären, wéi dat fir dëst Joer virgesi war.

No Informatiounen aus Japan an den USA wär dann d’Ouvertureszeremonie de Freideg 23. Juli an d’Spiller géife bis sonndes den 8. August daueren.

2020 sollt et freides den 24. Juli lassgoen an da wär et bis sonndes den 9. August gaangen. En Datum am Fréijoer 2021 wär vum Dësch. D’Paralympics wären 2021 dann vum 24. August bis den 5. September.

Back to Top
CIM LOGO