
Buffalo Bills - New York Jets 17:20
Fir eng Iwwerraschung hunn d’New York Jets gesuergt, déi sech mat 20:17 doheem géint d’Buffalo Bills duerchgesat hunn. De soss esou staarke Bills-Quarterback Josh Allen huet, ofgesi vu sengen zwee Rushing-Touchdowns, enttäuscht. Hie blouf fir déi éischte Kéier zanter der Woch 17 2021 ouni Touchdown-Pass. Fir d’Jets war et eng wichteg Victoire an der Course ëm eng méiglech Playoff-Plaz.
Miami Dolphins - Chicago Bears 35:32
D’Miami Dolphins wanne e knappe Match zu Chicago mat 35:32. Knapp war et allerdéngs haaptsächlech, well de jonke Bears-Quarterback, den Justin Fields, ee Rekorddag erwëscht hat. Hie koum nämlech op 178 Rushing Yards an ee Rushing-Touchdown. Déi 178 Yards waren iwwerdeems ee Regular-Season-Rekord fir ee Quarterback. Donieft huet hien och nach 3 Touchdown-Passe geheit an hat zum Schluss vum Match nach bal d’Partie gedréint, hätt säi Receiver Equanimeous St. Brown de Ball net fale gelooss.
Green Bay Packers - Detroit Lions 9:15
E weidert Debakel gouf et fir d’Packers an hire Star-Quarterback Aaron Rodgers. D’Ekipp aus dem US-Bundesstaat Wisconsin verléiert nämlech am Divisiounsduell mat 9:15 géint d’Detroit Lions. Den Aaron Rodgers huet ganzer 3 Interceptions geheit an dat géint déi soss net immens staark Defense vun de Lions. Fir d’Packers war et schonns déi 6. Néierlag dës Saison an déi 5. hannerteneen.
Los Angeles Rams - Tampa Bay Buccaneers 13:16
D’Tampa Bay Buccaneers hunn opgrond vun engem Last-Minute-Comeback hirer Negativserie vu 4 Néierlagen hannerteneen en Enn gesat. 9 Sekonne viru Schluss huet den Tom Brady säin Tight End Cade Otton an der Endzon fonnt, esou datt d’Buccaneers mat 16:13 gewannen. Fir den Otton war et deen éischten Touchdown an der NFL. Den Tom Brady huet iwwerdeems e weidere Meilesteen erreecht, hien ass nämlech deen éischte Quarterback an der NFL-Geschicht, dee fir 100.000 Yards gepasst huet.
Philadelphia Eagles - Houston Texans 29:17
Indianapolis Colts - New England Patriots 3:26
Buffalo Bills - New York Jets 17:20
Miami Dolphins - Chicago Bears 35:32
Green Bay Packers - Detroit Lions 9:15
Minnesota Vikings - Washington Commanders 20:17
Carolina Panthers - Cincinatti Bengals 21:42
Las Vegas Raiders - Jacksonville Jaguars 20:27
Los Angeles Chargers - Atlanta Falcons 20:17
Seattle Seahawks - Arizona Cardinals 31:21
Los Angeles Rams - Tampa Bay Buccaneers 13:16
Tennessee Titans - Kansas City Chiefs 17:20
Baltimore Ravens - New Orleans Saints 27:13