FuttballTom Kopecky gëtt neien Trainer beim FC Ierpeldeng 72

RTL Lëtzebuerg
Den FC Ierpeldeng 72 aus der Futttball-Éierepromotioun huet mam Tom Kopecky en neien Trainer fir d’nächst Saison fonnt.

Den 36 Joer ale fréiere Spiller vun e.a. Wolz an Ettelbréck gëtt domat Successeur vum Charel Leweck, dee jo no 4 Saisonen zu Ierpeldeng, en neien Challenge sicht.

De Kopecky, aktuell nach zu Housen, gëtt assistéiert vum Jeannot Differding. Goalkeepstrainer ginn de Serge Molitor an de Romain DeKroon.

Back to Top
CIM LOGO