Nationale BasketTom Schumacher bleift net Trainer vun Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
Hie wäert sech an Zukunft ëm d'Jugend këmmeren.
© RTL

Nom decisive Match am Basketchampionnat sot den Diddelenger Trainer am RTL-Interview, datt hien d’nächst Saison net wäert op der Trainerbänk vum T71 sëtzen, op d’mannst net bei den Hären.

Den Tom Schumacher sot, datt hie sech ëm d’Jugend wäert këmmeren.

Hien hat wärend der Saison zesumme mam Jeff Wampach d’Härenekipp iwwerholl a bis an d’Finall gefouert. Hei huet ee sech an de decisiver fënnefter Finall misse Steesel geschloe ginn.

De ganze Match vun e Samschdeg kënnt Dir um RTL Play am Replay kucken.

Back to Top
CIM LOGO