ÄishockeyTornado Lëtzebuerg gewënnt géint La Roche-sur-Yon, déi zu de Favoritten an der Divisioun 2 zielen.

RTL Lëtzebuerg
650 Spectateuren hunn den Duell op der Kockelscheier suivéiert.

Tornado gewënnt mat 2:0 géint den Tabellenéischte vum leschte Joer La Roche-sur-Yon beim Optaktmatch an der franséischer D2 op der Kockelscheier viru 650 begeeschterte Spectateuren. 

Et war en haart Stéck Aarbecht fir d'Ekipp vum Christer Eriksson, déi de leschte Weekend sech hu missten an der Coupe de France mat 8-2 géint Stroossbuerg aus der 1. Divisioun geschloe ginn. 

De Garant vum Erfolleg e Samschdeg war de Goalie Clément Ginier, dee vun Lyon bei Tornado gewiesselt ass, an de Géigner zur Verzweiwlung bruecht huet.
 
Déi zwee Goler fir Tornado goufe geschoss vun Rowan Miller a Jan Shikera. 

Den nächste Samschdeg spillt den Tornado auswäerts zu Bercy géint Français Volants vu Paräis. 

Back to Top
CIM LOGO