ÄishockeyTornado spillt gläich, Knights setze sech duerch

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich huet fir den Tornado Lëtzebuerg d'Playoffs ugefaangen. An der Belsch haten d'Knights vu Beefort d'Kortrijk Spurs op Besuch.

Et war den Allersmatch an de Playoffs fir den Tornado Lëtzebuerg. Bei den Tiger vu Boulogne-Billancourt hu si en 5:5 erausgeholl. No engem gudde Start waren d’Lëtzebuerger 2:0 vir, ma si sinn dunn 2:5 a Réckstand geroden. Mat engem staarken Optrëtt an de leschte Minutte konnte si hei nach e 5:5 draus maachen. De Retourmatch ass nächste Samschdeg um 19 Auer op der Kockelscheier.

Knights dogéint sinn e Samschdeg den Owend doheem opgetrueden. Et war e laang Zäit ausgeglachene Match mat de Spurs, deen d’Kights dunn awer zum Schluss mat 7:5 fir sech konnten entscheeden.

De Replay vum Match Knights-Spurs bei de Kolleege vun RTL Today.

Back to Top
CIM LOGO