Champions LeagueTottenham verléiert doheem 0:1 géint Amsterdam

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend war et den Allermatch an der 1. Halleffinall an der Kinneksklass vum europäesche Futtball - an no där duerf Ajax weider dreemen.

Tottenham hat Amsterdam op Besuch an domat war et de Schock vun den zwou Iwwerraschungsekippen aus dëser Champions-League-Saison, well datt sech dës zwou Ekippen an der Halleffinall géigeniwwerstoe géifen, hate wuel déi Mannst getippt. Ma souwuel d’Spurs wéi och Ajax hu gewisen, wat se drop hunn. D’Spurs hunn ë.a. Dortmund a Manchester City eliminéiert an Amsterdam huet sech de Luxus geleescht, Real an d’Juve erauszegeheien.

Datt Ajax sech an eng gutt Ausgangspositioun brénge wéilt, dat huet ee vun Ufank u gemierkt: D’Hollänner hunn Drock gemaach an hunn dobäi dovu profitéiert, datt bei Tottenham souwuel de Kane (blesséiert) an och de Son (gespaart) gefeelt hunn. Tottenham war net wierklech geféierlech ...

Ajax war et dofir ëm esou méi an an der 15. Minutt huet de Van de Beek zougeschloen: 1:0 fir d’Gäscht!

VIDEO: CL: Tottenham-Ajax, den 0:1
An der 15. Minutt huet de Van de Beek fir Amsterdam getraff.

An Ajax huet weider Drock gemaach, hätt de Van de Beek an der 23. an d’Mëtt gepasst amplaz selwer ze schéissen, dann hätt et wuel nach eemol am Gol vun de Spurs gerabbelt.

No enger Interventioun vum Ajax-Kipper Onana hunn den Alderweireld an de Vertonghen musse behandelt ginn. De Match war e puer Minutten ënnerbrach. Kuerz drop gouf de Vertonghen dann och blesséiert ausgewiesselt a vum Fransous Sissoko ersat. Deen huet d’Spill vun de Spurs richteg belieft. Trotzdeem ass et mat engem 0:1 aus Tottenhamer Siicht an d’Paus gaangen.

VIDEO: CL: Tottenham-Ajax, d'Highlighten aus der 1. Hallschent
No 45 Minutte stoung et 0:1 fir d’Gäscht vun Amsterdam.

No der Paus huet Tottenham besser gespillt an d’Englänner hunn Ajax ëmmer nees ënner Drock gesat, ma richteg gutt Golchancë si bal ni dobäi erauskomm.

Där hat Ajax awer nach eng an der 78. Minutt, ma dem Neres säi Ball ass vum Potto hannescht an d’Spill geflunn an net an de Gol. An deene ganzen zweete 45 Minutte ware just 3 Golchancen ze notéieren ...

Zum Schluss ass Tottenham ëmmer méi d’Zäit fortgelaf, e richtegt Mëttel géint Ajax huet d’Ekipp vum Trainer Pochettino net fonnt - an Ajax huet alles gemaach, fir den 1:0 ze halen, wat den Hollänner och gelongen ass. Net nëmme keng Defaite an engem Auswäertsmatch, där hat Ajax am ganzen Champions-League-Parcours nach keng, ma direkt eng Victoire. Eng ganz gutt Ausgangspositioun fir de Match déi aner Woch doheem.

CL: Tottenham-Ajax, d'Highlighten aus der 2. Hallschent
No der Paus ass kee Gol méi gefall, esou datt Ajax um Enn 1:0 gewënnt an eng gutt Ausgangspositioun fir de Retourmatch doheem huet.

D’Retourmatcher sinn ewell déi aner Woch:

Dënschdeg, 7. Mee: Liverpool-Barcelona
Mëttwoch, 8. Mee: Ajax-Tottenham

Back to Top
CIM LOGO