St. PauliTrainer Kauczinski entlooss, Luhukay iwwerhëlt

RTL Lëtzebuerg
An der 2. Däitscher Bundesliga huet den FC St. Pauli no de schlechte Resultater nieft dem Trainer och nach den Directeur sportif Uwe Stöver entlooss.
© AFP (Archiv)

Den Hollänner Jos Luhukay sëtzt an Zukunft op der Trainerbänk beim FC St. Pauli. D’Aufgabe vum Stöver iwwerhëlt bis Enn der Saison de Geschäftsféierer Andreas Rettig.

De Markus Kauczinski souz zanter Dezember 2017 op der Trainerbänk vum FC St. Pauli. Den Uwe Stöver war zanter Oktober 2017 den Directeur sportif beim Veräin aus der 2. Däitscher Bundesliga.

St. Pauli steet aktuell op der 6. Plaz an der Tabell an huet 4 Punkte Réckstand op d’Relegatiounsplaz.

Mir hunn eis dës Entscheedung net liicht gemaach, virun allem, well mir den Uwe an de Markus perséinlech schätzen. Ma am Sënn vum FC St. Pauli hale mir dëse Schratt fir noutwenneg, fir d’Saison sportlech erfollegräich op een Enn ze bréngen an d’Wäiche fir déi nei Saison stellen ze kënnen, sou de President Oke Göttlich.

Back to Top
CIM LOGO