7 Gold-, 8 Sëlwer- a 7 BronzemedailenTrainer lueft excellent Schwamm-Ekipp fir Astellung a Leeschtung

RTL Lëtzebuerg
D’Lëtzebuerger Schwammekipp huet bei de Spiller vun de klenge Länner 2025 eng 22 Medailen gewonnen, 7 Gold-, 8 Sëlwer- a 7 Bronzemedailen.

D’Resultater wieren en Zeechen, dass sech déi vill Aarbecht géif lounen. D’Ekipp hätt gutt zesumme gehalen a mat gudde Leeschtungen iwwerzeegt.

7 Gold-, 8 Sëlwer- a 7 Bronzemedaile fir d'Schwëmmer an Andorra
D’Lëtzebuerger Schwammekipp huet bei de Spiller vun de klenge Länner 2025 eng 22 Medailen gewonnen

“Exzellent Equipe, exzellent Astellung”

Den Nationaltrainer Christophe Audot huet no de Kompetitiounen e positive Bilan gezunn: „J’avais des équipes de seigneurs... se sont comportés de manière exemplaire.“

Fir hien zielt net nëmmen d’Resultater, mee och, dass déi erfuere Schwëmmer déi Jonk konnte begleeden an déi vill fir d’Zukunft léieren: „C’est une école de l’humilité et j’adore ça dans cette compétition.“

Wéi den Trainer betount huet, war et fir d’Schwëmmer och kierperlech ustrengend, well et keng Méiglechkeet fir aktiv Erhuelung tëscht de Coursë gouf. Jiddereen hätt bis zum Schluss gekämpft.

„Jusqu’aux dernières médailles de bronze... tout le monde s’est battu jusqu’aux derniers mètres.“

Nationaltrainer Christophe Audot
Spiller vun de klenge Länner als Sprongbriet fir grouss Rendez-vousen.

Eng Medail fir jonk Schwëmmerin um leschten Dag als Belounung

D’Emma Barthel, déi un hiren éischte Spiller deelgeholl huet, huet um leschten Dag nach eng Sëlwermedail am Crowl geschwommen.

Ech si richteg zefridden. Ech wollt onbedéngt nach eng Medail de leschten Dag. An ech hunn halt net geduecht, datt et zweet Plaz géif ginn, well ech hu gekämpft an ech hunn einfach alles ginn.“

Et war eng emotional Leeschtung: „Et huet gebrannt, mee ech hunn duerchgezunn.“

D’Medail huet fir d’Schwëmmerin eng grouss Bedeitung, waren et hir éischt Spiller vun de klenge Länner.

Emma Barthel am Interview
Eng Medail fir jonk Schwëmmerin um leschten Dag als Belounung.

Den Drock ofleeë fir besser ze schwammen

Och d’Jackie Banky kuckt zefridden op hir Leeschtungen zeréck: „Ech sinn a meng Course eragaangen. Ech hu mer gesot, et ass, wat et ass, ob ech elo Véierte ginn, Drëtten, Fënneften... an ech sinn einfach super frou, dass et opgaangen ass.“

Jackie Banky
Den Drock ofleeë fir besser ze schwammen, dat war de Plang fir eng Medail ze gewannnen.

Den Drock hätt si bewosst versicht, op der Säit ze loossen, dat hätt gehollef, fir méi fräi ze schwammen.

Besonnesch d’Equipe-Gefill an de Staffel-Courssen huet si am Interview ervirgestrach: „Mega, mat de Meedercher an haut mat de Jongen, super Ambiance.”

Eng gutt Leeschtung an der Staffel wier dacks méi wäertvoll wéi eng gutt Eenzelperformance.

Back to Top
CIM LOGO