
Natierlech mussen déi virgeschriwwe sanitär Reegelen agehalen ginn, dozou de Manuel Cardoni, een vun den Haapttrainer vun der Lëtzebuerger Fussballfederatioun, deen d’Konzept vun der FLF mat sengem Trainerstaff ausgeschafft huet:
Jo et ass richteg, datt mir e Méindeg den 18. Mee erëm ufänken, ënnert de Mesuren a Konditioune vum Ministere, maximal 20 Leit um Terrain, keng Kontakter, keng Zweekämpf, keng Vestiairen, keng Zuschauer, also och keng Elteren. Mir probéieren e flotten Training ze maachen, Technik, Athletik. Ech wëll awer och preziséieren, datt kee gezwonge gëtt, dat ass eng ganz normal Saach. Et ginn och keng Navetten. D’Eltere musse se bréngen, wann déi keng Disponibilitéiten hunn, da si mer ganz verstänneg. D’Leit hunn dann och sécher aner Suergen, wéi dat dann.
Dat Ganzt ass méiglech ginn, nodeems de Sportminister Dan Kersch e Freideg virun 8 Deeg annoncéiert hat, datt verschidde Sportaarten dobaussen ënner verschiddene Konditiounen nees méiglech wären. Bei der FLF wollt een iwwert dëse Wee dem Besoin vun de jonke Nationalspiller nokommen, fir nees hirem léifsten Hobby eenegermoosse kënnen nozegoen.
