Lëtzebuerger Futtball-FederatiounTransfert-Period am Summer vum 25. Mee op de 15. Juni verluecht

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der aktueller Coronakris huet d'FLF decidéiert, dass den Ufank vun der Transfert-Period am Summer vum 25. Mee op de 15. Juni verluecht gëtt.

D’FLF huet och nach matgedeelt, dass wann den Optakt vun de Kompetitioune sech vun ufanks August no hanne géife verréckelen, den Datum vun de Summer-Transferten géif adaptéiert ginn.

Normalerweis wier de leschten Datum vun de Summer-Transferten den 31. Juli.

PDF: Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO