
Dat huet d’Auktiounshaus Julien’s Auctions e Sonndeg matgedeelt. D’Fifa an Adidas hunn d’Echtheet vum Trikot confirméiert. Allerdéngs ass onkloer, ob de Zidane den Trikot wärend der Finall iwwerhaapt unhat. De Wäert vum Trikot war op 80.000 bis 120.000 Dollar geschat ginn.
En alen Trikot vum US-Basketspiller Lebron James war viru Jore fir de Rekordpräis vu 512.000 Dollar versteet ginn.