DammentennisTrotz Ofstig gesäit den FLT-President och Positives no de Matcher a Finnland

RTL Lëtzebuerg
Den Ofstig vun den FLT-Damme an den Europa/Afrika Grupp 3 wier schued, ma z.B. déi 1. Victoire vum Marie Weckerle wier awer positiv ervirzesträichen.
© RTL-Archiv

Déi Lëtzebuerger Tennis-Dammen hunn et net gepackt, fir och déi nächste Saison nees am Europa/Afrika Grupp 2 am Billie Jean King Cup, dem fréiere FED Cup, ze spillen. No der Gruppephas gouf et am decisive Match déi leschte Woch, eng Néierlag géint Griicheland.

Mat e puer Deeg Recul, huet een elo bei der Tennis-Federatioun de Bilan gezunn. Den FLT-President, Claude Lamberty ass natierlech enttäuscht, datt een déi nächste Saison eng Etage méi déif spillt. Hien hält awer och Positives vun de Matcher, déi a Finnland gespillt goufen, zeréck.

Claude Lamberty: Mir sinn ofgestigen. Dat ass natierlech schued fir d’Ekipp. Mir haten awer trotzdeem positiv Momenter mat dran. Mir haten zwou jonk Spillerinnen an der Selektioun. Ee Marie Weckerle, wat seng éischt Victoire am Simpel konnt feiere géint Finnland. Dat sinn awer positiv Punkten, déi ee soll ervirsträichen. Et steet awer elo een Ofstig fest. Do musse mir kucke fir ze evoluéieren a wat d’Léiere fir d’Zukunft sinn. Et sinn elo schonns zwou jonk Spillerinnen an der Ekipp integréiert. Dee Wee musse mir an Zukunft goen.

Den FLT-President Claude Lamberty

Déi nächste Saison spillen d’Lëtzebuerger Dammen elo am Billie Jean King Cup am Europa/Afrika Grupp 3.

Back to Top
CIM LOGO