FuttballTurbulent Zäite beim 1.FC Kaiserslautern gi weider

Franky Hippert
Beim 1. FC Kaiserslautern geet et am Moment op sportlechem, op sporttechneschem an op Funktionärsniveau drënner an driwwer.
© Val Wagner (Archiv)

Sportlech ass d’Ekipp vum Betzenberg, no 10 Spilldeeg mat just 10 Punkten an der véiertleschter Plaz an der Tabell, matten dran an der Lutte géint den Ofstig.

Sporttechnesch huet een den Trainer scho gewiesselt an och mam neie Mann op der Bänk, dem Boris Schommers, gëtt et bis elo keng Besserung. E Sonndeg huet de Bäi-Rot vum 1.FCK decidéiert, de Kontrakt vum Sportchef Martin Bader, deen um Enn vun der Saison ausleeft, net ze verlängeren.

Verschidde Membere vun deem Gremium wollten de Bader, dee fir d’Zesummesetze vum Kader responsabel ass, awer direkt entloossen. De Kicker mellt, datt den Investisseur Flavio Becca dat awer verhënnert hätt. Doropshin hunn elo d’Membere Jürgen Kind a Paul Wüst aus dem Bäi-Rot demissionéiert.

Back to Top
CIM LOGO