BoxenTyson Fury géint Dereck Chisora an net géint Anthony Joshua

RTL Lëtzebuerg
De WBC-Champion am Schwéiergewiicht Tyson Fury wäert säin Titel den 3. Dezember géint den Dereck Chisora verdeegen.
© AFP/File/JUSTIN TALLIS

Den Duell Fury géint Chisora gouf et schonn 2011 an 2014, woubäi den Tyson Fury béid Kämpf fir sech entscheede konnt. Déi zwee wäerten am Londoner Tottenham Hotspur Stadium géintenee boxen.

U sech war geplangt, datt de bis ewell ongeschloene Fury géint den Anthony Joshua untrëtt, d’Verhandlunge fir dee Kampf waren allerdéngs Ufanks Oktober un den Televisiouns-Rechter gescheitert.

Back to Top
CIM LOGO