
An de leschten Deeg huet déi Lëtzebuerger U19-Futtballnationalekipp beim Mini-Tournoi an der Europameeschterschaftsqualifikatioun hei am Land eng Kéier knapp 1:2 géint Spuenien de Kierzere gezunn, an eng Kéier méi kloer 1:5 géint eis Belsch Nopere verluer. En Dënschdeg den Owend um 18 Auer kréien déi jonk Rout Léiwen et zu Wolz mam Aserbaidjan ze dinn. Wéi sinn déi zwou ënnerschiddlech Leeschtungen an deenen zwee éischte Matcher ze erklären, an wäert e grousst Talent, dat schonn beim FC Bayern München spillt, eng Kéier fir d’A-Ekipp vun der FLF um Terrain stoen, de Franky Hippert huet beim Directeur Technique vun der Futtballfederatioun an U19-Nationaltrainer Manuel Cardoni nogefrot
U sech kéint ee jo mengen, datt d’Spuenier de jonke Roude Léiwe méi Problemer hätte misse maachen, dat war awer net de Fall, seet de Manuel Cardoni: Den Ënnerscheed zu deenen 2 Matcher war, datt d’Belsch eis vun hirer Spillanlag méi Schwieregkeete gemaach hu wéi d’Spuenier, well se eng fanatescht Ballsécherheet hunn. De Belsch hiren 3-4-3 huet eis extrem wéigedoen, mir wollte genee wéi géint Spuenien mat engem 5-3-2 entgéintwierken. Géint d’Spuenier hat dee gutt geklappt, do wollt ech dat net esou kuerzfristeg änneren.
Lo heescht en Dënschdeg den Owend de Géigner zu Wolz Aserbaidjan. Do rechent ee sech bei de jonke Roude Léiwe schonn eppes aus, seet den U19-Nationaltrainer: Den Aserbaidjan ass e bëssen op eisem Niveau. Déi zwee Matcher, déi mer analyséiert hunn, géint Spuenien hu mer méi Resistenz gewise wéi si, dat huet awer och domat ze dinn, datt mer relativ fréi mat 1:0 vir komm sinn. Ech hunn de Jongen dat och gesot, datt ech mer géif wënschen, datt mer alles drusetzen, fir ze wannen. Resultater kënnen awer natierlech net verspriechen, heiansdo hu Matcher hir eege Wourechten heiansdo an da kréie se hir eegen Dynamik.
An der Partie géint Spuenien huet den David Jonathans e wonnerschéine Gol geschoss. Dat 17 Joer jonkt Talent spillt och scho bei den U19 vum FC Bayern München. Ob de Mëttelstiermer eng Kéier an der A-Ekipp fir Lëtzebuerg oder awer fir d’Land vu sengen Elteren Holland spille wäert, ass am Moment nach net gewosst, seet den Directeur Technique vun der FLF.