FuttballU19-Nationalekipp verléiert mat 1:2 géint Spuenien
Eng knapp Néierlag gouf et e Mëttwoch fir d’U19-Nationalekipp, fir den Optakt vun der EM-Qualifikatiounscampagne.
Zu Biissen hunn déi jonk Rout Léiwe sech den héich-favoriséierte Spuenier mat 1:2 musse geschloe ginn. De Gol fir d’Lëtzebuerger, den 1:0, hat den David Jonathans schonn no 6 Minutte geschoss.
Highlights vum Match vun der U19 géint Spuenien
1:2 hunn déi rout Léiwen de Kierzere gezunn.
E Samschdeg geet et am 2. Match zu Wolz géint d’Belsch.